100. Tour de France: 2012 war de Gewënner vum 99. TDF de Wiggins. Di 2 „g“ a sengem Numm gesinn aus wéi 99. Bei der 100. Editioun ass de Froome de Favorit wou di 2 „o“ ausgesinn wéi d’Nulle vun 100.

AUDIO: D'Flunkernews vum 29. Juni vum Serge Olmo

Neiwahlen - en Thema och an Italien: Bei eis gëtt jo ëmmer de faule Witz gemaach vum "Bome-Leeër". Zu Lëtzebuerg ginn et vläicht Neiwahle wéinst där Affär. An Italien ginn et vläicht Neiwahlen, net well de Berlusconi Bome geluecht huet, mä éischter ze vill jonker.

Wimbledon: Virum Match vun eiser Nummer 1 an der Nummer 1 op der Welt war kloer, datt d’Spillerin aus Kalifornien sech géint eist d’Minetter Meedche géif qualifizéieren. Et ass deemno kee Wonner, datt d’Williams aus Quali-fornien weider koum a fir d’Minella war den Tournoi Ter-Minett.

Star bei de 24 Stonne vu Le Mans: Muenchereen ass iwwerrascht, datt de Patrick Dempsey esou begeeschtert ass vun Autoscoursen an Auto fueren. Wann een sech awer virun Aen hält, datt de bekannten Dokter vu Grey’s Anatomy Shepherd heescht, dann ass dat bal normal well de Shepherd deen ass, de mat de Schof fiert also e Schoof-eur ass.

Meeschterschaft am Vëlo vun der UC Dippach: Leschte Weekend hat den Andy Schleck schlussendlech e Retard vun iwwer 4 Minutten op de Bob Jungels. Et huet ee gespuert, datt de Schleck de Start ratéiert huet. Hien hat einfach kee gudden „Dippach“ an d’Course.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...