
TDF an der Corse: Den Andy Schleck hat no der 3. Etapp gesot hie wier frou datt si endlech fort wieren aus der Corse an am richtegen Frankräich wieren wat op der „île de beauté“ net gutt ukoum. Dat war awer bestëmmt net béis gemengt. De Andy ass jo een de gären feiert. Kee Wonner datt hien léiwer um Fest-Land ass.
Erausgeheit: D’Manéier wéi de Frank Schleck erausgeheit gouf schockéiert vill Leit. De Munnerefer huet anscheinend Kontakter mat aneren Equipen an dat ass gutt. Och Omega Pharma Quick Step kinnt eng Alternativ sinn. Just als Remark…An der Omega Pharma Gamme ginn et och diurétiquen.
Europäesch Unioun: Zanter dem 1. Juli ass Kroatien dat 28. Land vun der Europäescher Unioun…wat vun den Amerikaner ofgelauschtert gëtt.
Cité judiciare: Wann d’Affär iwwer de Geheimdéngscht virun e Riichter kënnt da mussen de Parquet an den Tribunal d’Arrondissement zesummen schaffen an d’Juristen mussen iwwert d’Passerelle vun der Cité Judiciaire goen. Bis elo ass et nach eng Enquête-Kommissioun a juristesch gesinn nach ëmmer pasSREL.
Traditiounen zu Wimbledon: Zu Wimbledon mussen d’Spiller sech all a Wäiss verkleeden. Et ass e bëssen wéi e chiquen Fuesend um Wues. Den éischten Sonndeg ass u sech wéi e Feierdag well et gëtt net um Wues gespillt. Et ass Wues-sondeg.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...