Preparatiounen op d’Neiwahlen: Haaptsächlech wéinst der Affär rondrëm dem Service vum Renseignement mussen d’Parteien sech ganz séier decidéieren wen fir d’Wahlen hiren Spëtzel-kandidat ass. 

D‘Mady Delvaux wëll net sëtzen bleiwen op hirem Posten : Di aktuell Educatiounsministerin hat 4 Cyclen als Ministesch an zwar vu 1994-1995, vu 1995-1999  an da vun 2004-2009, an elo vun 2009-2013. Logesch ass fir d’Mady Delvaux datt een, wéi am „enseignement fondamental“,  nom  4. Cyclus net redoubléiert mä einfach geet. 

Geschwënn ass dem Kate säi Bébé do: Enn 2012 hat eng iresch Zeitung d’Skandalfoto vum Kate Middleton publizéiert wou d’Prinzessinn „oben ohne“  war. D’Journalisten vum „Irish Daily Star“ wëllen an e puer Méinnt och d‘Fotoen kréien wann d’Kate am Gaangen ass ze  n-Iren. 

Zäitfueren am TDF: Zu Lëtzebuerg gëtt heemlech gedreemt datt den Andy Schleck 1., 2. oder 3. gëtt an engem contre la montre. Elo krut hien um "Mont Saint Michel" déi 3 Plazen mateneen wéi hien 123. gouf an da meckere mer nach…

Murray Mania: No der Victoire vum Britt Andy Murray zu Wimbledon ginn ett ëmmer méi Neigebuerener déi Andy genannt ginn. Dat hunn d’Fonctionnairen op de Gemengen a Grouss Britanien festgestallt wann d’Leit hir carte d’id-andy-téen maache kommen.

AUDIO: Flunkernews 27/13 vum Serge Olmo

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...