
Investitur bei der DP: De Claude Meisch am Süden, de Charel Goerens am Norden, d’Maggy Nagel am Osten an de Xavier Bettel am Zentrum, dat sinn di 4 Spëtzekandidaten. Firwat gouf bei der In-west-itur keen am Westen nominéiert?
Kinneksetapp: Op der Alpe d’Huez hat den Maillot Jaune Chris Froome Ënnerzocker an hien huet kuerz virun der Arrivée missen Elektrolyt-Gel iessen an eng kleng Schossel wäisse Räis. Wäisse Räis ass bestëmmt ubruecht, well de Gewënner op der Alpe d’Huez huet jo Christophe „Riz Blanc“ geheescht.
Decisiv Victoire vum Froome um Géant de Provence: De Britt huet no der iwwerzeegender Victoire eng Houschtkris kritt, wéi hie vum Vëlo geklommen ass, an anscheinend net nëmmen hien. Kee Wonner, si ware jo um Mont Ven-toux.
Football-EM bei den Dammen a Schweden: Heiansdo weess een, net ob et e Mann ass oder eng Fra, wann een e Gros Plan gesäit bei dëser EM - ausser beim Match England géint Frankräich. Do war et kloer well do stoung uewen lénks am Ecran vun der Tëlee: ENG-FRA ...
Cherchez l’erreur: Dës Woch gouf vill vum Lydie Err a vum Omar Err-afik geschwat. Bei der Ombudsfra sinn se an der Equipe net zefridden. Den Errafik dogéint ass ganz beléift bei sengem Team, well de Goalgetter vun Déifferdeng géint Utrecht 2 Goaler markéiert huet. Hie war domatter den Om-buts-mann.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...