Royal baby: Elo ass hien jo endlech do de klenge Prënz. De William hëllt elo nees Verhütungsmëttelen fir datt Groussbritanien mat Nordirland zesummen net direkt nach e Prënz soll kréien. Hien hëlt di Kinneklech Kondomer an zwar d‘“United Kondom“.

Nees keng Chamber virum 20. Oktober: Dëst Joer gëtt et jo e puer Deeg virun de Neiwahlen keng Chamber méi. D’Lescht Joer gouf et och kuerz virum 20. Oktober keng Chamber méi an zwar well alles ausgeraumt gouf fir datt d’Gäscht vun der Prënzenhochzäit vum 20. Oktober genuch Plaz sollte kréien.

Cyclissem an Dopping: 1998 waren also am Tour enorm vill Cyclisten mat EPO gedoppt. Verschiddener vun hinnen kruten mëttlerweil Kanner. All dës Kanner si méi séier op d’Welt komm wéi di aner Kanner. Sinn dat d’Suiten vum Dopping? Fir dat ze testen mussen di schwanger Fraen, vun de Cyclisten déi Dopping geholl hunn, eng EPO-graphie maachen.

Gala Tour de France um Belval: De Gala ass en Genre « portes ouvertes » wou een d’Cyclisten emol eng Kéier hautno kann erliewen. Et gouf eng Victoire vum Rui Costa. Hannert dem Port-ugies klasséiert sech de Ricchie Porte. Drëtten gouf den den Laurent Di-Dier. Also et ware richteg « portes ouvertes ».

Weltjugenddeeg zu Rio: Parallel mat dësen Weltjugenddeeg vun der Kathoulescher Kirch haate vill ganz bekannt Leit eng Petitioun ënnerschriwwen fir datt d’Pussy Riots solle fräikommen. Op de JMJ zu Rio gëtt vill gesongen. Vläicht kann och de Poopst an der 2. gréisster Brasilianescher Stad fir di jonk Band Pussy Rio-ts intervenéieren.

Den nächsten Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn an zwar no der gewinnter Augustpaus. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...

AUDIO: Flunkernews