
Den El Assad definitiv ënnen duerch: Ëmmer méi Länner, ausser natierlech Russland a China, wëllen keng diplomatesch Relatiounen méi mat Syrien hunn. A la rigueur wëllen d’Länner nach e Konsulat bäibehalen awer bestëmmt keng Amb-Assad méi.
G20 zu St. Petersburg: Et ass en traureschen Zoufall datt grad zu St. Petersburg, an där Stad mat der gréisster chemescher Industrie, den Hapthema den El Assad a seng Chemesch Attacken sinn.
Boycott oder net: Wéinst dem neien russeschen Gesetz géint di Homosexuel wëllen vill Leit d’Olympesch Spiller 2014 vu Sochi boykottéieren. Et ass een deemno e bessen iwwerrascht datt d’Russen op engem offizielle Logo vu Sochi 2014 zwee Männer wëllen huelen déi hannerteneen op hirem Schlitt sëtzen an d’Pist erof rutschen.
WM an d’Westafrikaner: D’Kenianer an d’Ethiopier ware ganz gutt op der Liichtathletik WM an deene méi langen Distanzen wéi d‘3000 Meter Steeples. Si sinn awer schwach am 110 Meter Hecken an am 400 Meter Hecken. Dat ass bestëmmt de Fall well et quasi keng Hecken ginn am Kenia an an Ethiopien.
Riiseg Iwwerraschung bei den US Open: Mat der Nummer 83 esou wäit ze kommen dat ass eemoleg wat d’Flavia Pennetta färdesch bruecht huet. Eng Pennetta ass jo eng kleng Nuddel. Keng Wonner datt et grad zu Nouilles York fir d’Italienerin esou gutt geklappt huet.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...