Den Andy Schleck gëtt geschwë Papp: Seng éischt Coursen no der Annonce dat hie Papp gëtt fiert hien zu Montreal an am Québec. Kee Wonner datt den zukünftege Papp seng nächst Coursen am Kanner-da fiert.

F1 an Cyclissem: Den Spueneschen Starpilot vu Ferrari keeft jo di Basquesch Velosequipe Euskaltel op. Euskaltel ass en Telefonie Operateur. Kléngt deemno logesch datt den Allô-nso d‘Equipe opkeeft.

Rentrée: Béis Zongen behaapten datt am Cycle 1  bal nëmme Fraen schaffen well si näischt mat Hausaufgaben wëllen ze dinn hunn. Dëst soll de Fall sinn well déi Fraen souwisou schon doheem vill Aufgaben am Haus hunn.

D’Grillzäit ass eréischt eriwwer a et gëttnees e Skandal: Et kritt een  ëmmer méi dacks ze héieren datt Zebrafleesch verkaaf gouf a Plaz vu Päerdsfleesch. Et ginn tatsächlech grouss Ähnlechkeeten tëscht Päerd- an Zebrafleesch. Wann een zum Beispill eng Päerdskoteletten op de Grill leet da gesäit et aus wéi Zebra.

Ultimatum an der Syrien Kris: D’Eroflafen vun der Zäit fir dat d’Syrier hir Chemesch Waffen ofginn fänkt un ganz bedenklech ze ginn. D’Syrier gi jo vum Russeschen Ausseminister Sergei Laferof ferm ënnerstëtzt.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...