
Mariage Félix a Claire: Et gesäit aus, wéi wann de Prënz sech géif an Zukunft am Frankräich ëm de Wäibau këmmeren. Wann de Guillaume eisen Ierfgroussherzog ass, da gëtt de Félix eise R-Ierfgroussherzog.
Lotus verléiert de Finn Räikkönen: Et gouf scho virun e puer Méint e schlecht Omen, wéi iwwer finanziell Problemer bei Lotus geschwat gouf. Bei de Finnen spillt bei de Su-en e schlecht Omen eng grouss Roll. Finnland heescht och an hirer Sprooch Su-Omen.
Skandal an der Belsch: Den Ex-Kinnek Albert an den Ex-Dauphin an aktuelle Kinnek Philippe flippen, wann si un d’Affär vum Albert sengem verstoppte Meedchen denken. Di 2 Flipper hunn also e grousse Probleme mam Delphin-e Böel.
Dopping op de JPEE: Nodeem bekannt gouf, datt en zyprioteschen Athlet gedoppt war, gouf nees géint d’Spiller vun de Klenge Länner gestëppelt. D’Fussball- an d’Handballfrënn si net frou, datt si net vertruede sinn. Di International Federatioun huet geäntwert, datt si déi Sportaarten net kann unhuelen, well et si just d’“Spiller“ vun de Klenge Länner a net d‘“Goalkeeper“...
Vläicht ginn d’Paschtéier geschwë bestuet: Den neie Poopst kinnt geschwë d‘Bestuede vun de Paschtéier zouloossen. Hien huet och rezent deklaréiert, datt d’Fraen eng vill méi wichteg Roll an der Kierch mussen hunn. Et sinn der di schwätzen esouguer vum Poopst Fraen-ziskus.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens.