
Wahlpanneauen: Mëttlerweil sinn dës grouss Panneauen op de strategeschen Plazen vun all eise Stied an Dierfer. Déi vun de Rietsparteien sti ganz dacks virun de Kierchen. Kee Wonner, di Parteien wëlle jo datt d’Leit bei hierer Lëscht e Kräiz maachen.
Fl-orange: Hei gëtt geschwënn e Forschungszenter fir Eisen a soss Stol gebaut. D’Aarbeschter waren an Orange ugedoen, d’Faarwen vun Mittal, fir den Hollande dës Woch z’ëmfänken. Orange ass jo d’Faarw vun den Hollänner. Ass dat awer kee schlecht Virzeechen dat d‘Liewesmëttel mat dem niddregsten Taux un Eisen grad d’Orangen sinn?
Dat gouf bei der WM zu Florenz erwaart: Et hat scho laang net méi ronn gedréint bei der internationaler Velosfederation. Hieren contestéierten President gouf och no 8 Joer net méi erëmgewielt. Dat war definitiv de richtege Moment fir de Pat Mcqu-8 ofzesetzen.
Velo WM zu Florenz: D’Equipe Omega Pharma huet de Bis färdesch bruecht an ass fir d‘2. noeneen Weltmeeschter am Zäitfueren. Omega Pharma war viru Joeren den éischten Cannabis Distributeur an den Aptikten a gouf domatter ganz räich. Et ass also normal datt si nees Succès haten zu Florenz an der Toscana-bis.
Geschwënn d’Wahlen bei eis: D’Politiker halen de Moment vill Rieden. Si soen och si géifen dat halen wat si erzielen. Et sinn ëmmer déi Passagen an hire Rieden wou si sech verschwätzen wou een am Beschten verhält. Dat sinn dann u sech d‘Wahlverspriechen.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens.