
D’Drauwelies 2013 huet ugefangen: Et fällt op datt ganz vill Leit déi matmaachen e Brëll un hunn. Ass et e Liesbrëll?
Wahlplakater: D’Foto vum Sozialisteschen Spëtzekandidat sengem Kapp ass ganz grouss op de Panneauen. Di Foto ass och zimlech gelongen. Den Etienne Schneider ass donieft och den eenzegen Spëtzekandidat den u sech keng Hoer huet. Et sinn der di soen hien hätt e Pla-kapp. Op jidder Fall huet hien e Plakat-kapp.
Stroosse WM: Net ganz wäit ewech vun Giglio gouf de Rui Costa éischten portugiseschen Vëlosweltmeeschter. Et war eng grouss Harmonie an der klenger portugisescher Equipe. Harmonie heescht Concordia op Italienesch. Et konnt ee beim Costa also vu Concordia schwätzen.
Tour de Lombardie: Wéinst der Victoire géint de Berlusconi vum Premier Enrico Letta, den emol am Parlament vun der Lombardei war, schwätzen si an Italien bei dësem Klassiker net vun „Ciclismo“ mä vu Bicic-Letta.
De Rohani mëscht Hoffnung: Zanter 2005 goufen ett an den USA Pläng fir den 3. Golfkrich. Vun do un wou den Iranesche President Rohani méi moderéiert schwätzt sin an den USA d’Krichveteranen ganz positiv iwwerrascht. Muencher wëllen an di Iranesch Haptstad fléien fir konkret um Fridden ze schaffen. Et sinn dat Ve-teheranen.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens.