
Chemesch Waffen aus Syrien : Et gouf driwwer geschwat datt di dout geféierlech chemesch Waffen vläicht a Norwegen sollen vernicht ginn. Den Norwegeschen Fändel mat engem Kräiz drop passt an dem Fall ganz gutt.
F1 : Wann een d’Course kuckt da schreiwen si beim Klassement ëmmer di 3 éischt Buschstawen vun de Piloten op den Telesécran. Bei der leschter Course war ee Moment den Fernando Alonso fier virum Romain Grosjean, dem Sergio Perez an dem Jean-Eric Vergne. Di Belsch Speakeren hu missten feststellen datt um Ecran « ALO GRO PER VER » stoung.
3 Mol Seb : De Sebastian Vettel, dee schonn 3 Mol noeneen Weltmeeschter gouf an der F1, den Sebastien Loeb de 9 Mol noeneen Weltmeeschter war am Rallye an den Sebastien Ogier, neie Rallye Weltmeeschter, sinn d’Kinneken vum Steier-rad. Si wunnen allen 3 an der Schwäiz…am Steier-Paradäis.
Sotchi 2014 : Di Olympesch Flam ass dës Woch vu Russland aus gestart. Den ex President vum Internationalen Olympesche Comité, de Belsch Jacques Rogge, war den speziellen Invité bei där Cérémonie. Kee Wonner datt si grad fir déi Feier e Flam-männer geruff haten.
Shutdown an den USA : D’Familljen, onofhängeg vun de Parteien, maachen sech enorm Gedanken wéi et weider soll goen mat der Amerikanescher Economie. D’Stéit halen och elo méi zesummen an den United Stéits of Amerika.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens.