
Lëtzebuerger héich kotéiert fir schwäizer Nationaltrainer ze ginn: De Jeff Saibene, de mat Erfollesch den FC St Gallen trainéiert, gëtt dacks genannt fir de Nofolger vun der Trainerlegend Ottmar Hitzfeld ze ginn. Sinn se vläicht op den aktuellen Trainer vu St Gallen komm well den 2. Klub aus der Stad den FC Otmar St Gallen ass?
Komplizéiert Nimm: D’Fussball Nationalequipe war jo elo a Portugal an do hunn ech ee Portugis kenne geléiert den Jose Manuel Eoúltimofechalaporta heescht. D'Iwwersetzung vu sengem komplizéierten Numm ass „an de leschte mëscht d’Dier zou“. Elo weess ech endlech firwat verschdiddener deen Ausdrock bei komplizéierten portugiseschen Nimm gebrauchen.
Arbitage um 20. Oktober: A ville Sportarten haten si gefaart um Wahlsonndeg keng Championnatsmatcher kënnen ze spillen well se keng Dirigenten an Arbitter géifen fannen. Besonnesch bei den Arbitter war dat awer um Wahlsonndeg kee Problem. Si si jo am Fong di Onparteiesch.
Lëschte wielen oder panaschéieren?: Laut engem Sondage sinn et di sozialistesch Wieler déi am Meeschten op de Lëschten pana-Schéieren. Ass et well hire Spëtzekandidat de Schneider ass.
Top Niveau: D’Nummer 1 vum Tennis-Tournéier op der Kockelscheier an Nummer 9 op der Welt, Caroline Wozniacki, huet während der Woch eng exzellent Vir-hand wéi och eng fest a präzis Réck-hand gewisen. Et wonnert keen datt hat an den Welt Top t’Hänn ass.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens.