Allerhellgen Zäit: Et ginn ëmmer méi Leit zu Hamm ageäschert. An dem Kontext ass et e bëssen onglécklech datt grad dëse Week-end am Fussball de Match Hamm géint de Champion Fola Esch programméiert ass. Et sinn der schwätzen vun engem Äscher Derby.

D’CSV fillt sech verroden: D’CSV ass jo chrëschtlech agestallt. De Wahlsonndeg bei hiren Konkurrenten erënnert si un de leschten „Abendmahl“ vum Jesus. Do  waren 13 Leit ronderëm den Dësch; si haten also och 13 Sëtz. Ënnert hinnen war laut CSV och e Judas…

Anere Pouvoir: D’Wuert Minister kënnt aus dem Latäin an heescht „Diener“. Di aktuell CSV Ministeren si jo geschwënn net méi do mä déngen d’Vollék nach bis dohinn. Ass et dowéinst, datt wann een zum Beispill vum Nohaltegkeetsminister a vum Finanzminister schwätzt, ee dacks héiert „Di Nach“ (Diener) Ministeren Wiseler an Frieden…

Spionage um héchste Niveau: Et war jo gewosst datt d’Amerikaner d’Angela Merkel, de François Hollande, de Vladimir Poutine… ofgelauschtert hunn also virun allem Memberen vum G 8. Et ass och elo bekannt ginn datt de Poopst spionéiert gouf. Hien ass zwar net vum „Groupe des Huit“ mä ass awer e
Jes-huit.

Streik am franséischen Fussball:  Am Frankräich ass et wéinst Steiergelder; wann et hei am Land e Streik gëtt da wahrscheinlech wéinst de Supporter. Dës Saison goufen et scho Problemer bei de Matcher RM Hamm géint Gréiwemaacher a Jeunesse géint Gréiwemaacher. Di Miseler Ultras sinn dacks am Coup. Wann een an dem Kontext eng Grève mëscht da bestëmmt zu „Grève Maacher“.

AUDIO: Flunkernews 38/13 vum Serge Olmo

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens.