
D’CSV schwätzt vu Kouhandel: Rout, Gréng a Blo si jo di 3 Primaire Faarwen. Am Secteur Primaire, dem vun der Agriculture also, sinn d’Kéi di wichtegst Déieren. Et mëscht deemno Sënn grad bei deenen 3 Farwen an eng Kou-alitioun ze goen.
Gambia Koalitioun: Net nëmmen datt de Fändel vu Gambia bei di aktuell Koalitioun zu Lëtzebuerg passt mä och de Wappen. Um offiziellen Wappen vu Gambia sinn 2 rout Léiwen drop also genee dat selwëscht Déier wéi op eisem offizielle Wappen.
De Parcours vum TDF 2014 gouf elo bekannt: Genee wéi 2007 ass de groussen Depart an England. Deemools war et bis an den Owend e Prologue. D’nächst Joer ass et eng normal Etape mat Depart zu Leeds an dat am Dag. Si wollten net owes fueren an d’Luuchten umaachen. D’Fans vun de Prologuen sinn enttäuscht a froen sech wéi et mam Ge-Leeds ass.
Ecouten vun der Bundeskanzlerin: Elo an der Halloweens Zäit gouf bekannt datt d‘Angela Merkel vun den Amerikaner soll ofgelauschtert gi sinn. Et gëtt gesot dat wier zum Beispill am Juni zu Wien op hirer Visite gewiescht. Deemools soten d’Amerikaner „Hallo Wien“.
Fisherman’s Friends Strong-Man; 1. Editioun: 4000 Leefer a Leeferinnen waren zu Déifferdeng vun uewen bis ënnen naass a knaschteg. De Buergermeeschter, deen den Départ ginn huet, ass allerdéngs propper bliwwen. Di Däitsch, déi di Course als éischt orgnaiséiert hunn, schwätzen vum Bürger-Meisch-ter Propper.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens.