
Cargolux: Déi lëtzebuergesch Entreprise hat bis elo keng Chance, fir en neie vertrauensvollen Investisseur ze fannen. No de Qatari sinn se elo mësstrauesch mat de Chinesen. Cargolux sicht In-West-isseuren. Di 2 sinn aus dem Osten. Dat kann jo näischt ginn ...
Sozialwahlen: Di eenzeg Gewerkschaft déi d’Wuert „Verband“ am Numm huet ass den NHV (Nationalen Handwierker Verband). Et ass zimlech normal, datt si dat Wuert am Numm dran hunn, well et sinn d’Handwierker, déi di meescht Accidenter hunn an deemno am dackste Kontakt mat engem Verband hunn.
Sozialwahle bis: Di lescht Deeg gouf nawell méi dacks iwwer den FNCTTFEL geschwat. Dës Gewerkschaft wiert sech jo vehement géint d’Privatiséierung vum Tram. Kuerz virun de Wahlen mécht si ganz kloer hir Aarbecht als Schinn-dikat.
Di Olympesch Flam fir 2014 am Weltall: Dat huet een un déi Zäit erënnert, wéi déi Ex-Sowjetunioun nach wollt d’USA toppen am Kontext Reesen an de Weltall. De Sozialismus ass jo net méi in beim Wladimir Putin. Bei dëser aktueller Demonstratioun vun der Russescher Technologie goung et deemno éischter ëm Sotchi-alismus.
Phantomgoal: De Stefan Kießling huet zu Hoffenheim e Goal accordéiert krut, deen absolut kee war a wou an der ganzer Fussballwelt driwwer gelaacht gëtt. De Ball ass also no engem Corner, enger „Ecke“ deemno, duerch de futtisse Filet am „Eck“ vum Goal „era“ gaangen, dëst jo zu Hoffenheim an der „Rein-Ecker“ Arena.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens.