
Play-Off Matcher fir d’WM 2014: Frankräich huet jo 0-2 an der Ukraine verluer. Am Frankräich gleeft bal kee méi fir de Retourmatch un d‘Equipe vum Nationaltrainer. En Titel an enger Zeitung kinnt sinn: „Ukraine Terminus; tout le monde Deschamps“.
Falsche Virnumm: Ronn 15 000 Bréiwer goufen nei erausgeschéckt well am Kader vun de Sozialwahlen e Kandidat, den Sacha heescht, Sandra genannt gouf. Vill Leit maachen elo de Géck mam Sacha a nennen hien Sandy. Net schlëmm, hien ass jo e Sandy-caliste.
„Moien du Aarsch“: sot jo de Michel Wolter dem neien lénken Deputéierten Justin Turpel. Wann een d’Wuert Turpel no lénks liest da gëtt et „Leprut“ an dat ass dach iergendwéi passend zu dem wat de Wolter sot.
Inertim: Wat war dat en Tralala fir en Ersatz fir den Finnesche Pilot vu Lotus ze fannen well dëse Réckeproblemer huet. Vill Leit fannen dat komesch datt hien sech grad elo operéiere léisst de Kimi Réckkönen.
Net méi selektionnéiert: Den beléifsten Hellegen an der Regioun Dalmatien, also d’Regioun vum Montenegro, ass den Hellegen „Blasius“. Bal grad esou beléift ass den Tsar Peter de Groussen nodeem Sankt „Peters“burg benannt gouf well hien 1711 eng Allianz mam Montenegro decidéiert hat. Schuet datt de Guy „Blaise“ an den René „Peters“ grad elo virum Montenegro Match gewuer goufen datt se net méi selektionnéiert wäerte ginn.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens.