Staatsvisite an der Türkei: Grand-Duc a verschidde Ministeren waren dës Woch beim Türkeschen President Addullah Gül wou si verwinnt goufen an um Diner Gala gude Wäin vum President offréiert kruten. Wann si elo  bei eis op de Chrëschtmaart kommen da mussen si sech vum Gül-wäin op de Glü-hwäin ëmstellen.

50 Joer Kennedy Attentat: Et ass nach ëmmer net sécher gewosst ob de Lee Oswald op den JFK geschoss huet. Hunn iwwerhaapt di Beschëllegt an eisem Bommeleeër Prozess en Alibi  fir den 22 November 1963? Soss kinnt vläicht de Procureur Oswald si eventuell beschëllegen a vläicht säi Amerikaneschen Namensvetter nodréichlech wäisswäschen…

Taktesche Feeler: Vill besser wier et ukomm wann de President vun der CSV de Syreschen Diktator esou begréisst hätt an net den neien Lénken Deputéierten; well dat ass wierklech e Bachar-Aarsch a jiddereen hätt den Buergermeeschter vu Baschar-Aarsch ënnerstëtzt.

Arithmetik a Politik: De Premier wëll als eng „Personne entière „ ugesi ginn also als eng integer Persoun. Och an der Arithmetik ass e Nombre Premier e Ganzt, also eppes wat net ka gedeelt ginn an deemno kee Broch. Arithmetesch gesinn gëtt also de Jean-Claude Juncker vum Nombre Premier zum Chef vun de Brësch an zwar CSV Fractiounschef…

WM Play Off Matcher; Schweden an hire Star sinn eraus: Besonnesch ëm dës Joreszäit sinn a Brasilien, wéi an der ganzer Welt, d’Dännebeem immens in. Virun allem am Amazonas Bësch kann een während der WM  2014 ganz vill Dännen-beemzorten gesinn mä elo sécher keng Zla-Tannen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens.