
D’Kirch ass guer net zefridden: Si fäert datt mat der neier Majoritéit alles wäert anescht ginn fir si an zwar vill méi schlecht. Alles wat mat Kirch ze dinn huet soll iergendwéi verschwannen. Et gëtt esouguer gefaart datt mat der Dräierkoalitioun de Kirch-bierg wert ëmbenannt ginn.
Konsequenz vun der Gambia Koalitioun: An der Stad, zu Esch, zu Déifferdeng answ. ginn et nei Buergermeeschter. Virun 2 Joer haten zwar d’Bierger gemengt si hätten hir Gemengepäpp fir 6 Joer gewielt. Di Wahlen wou d’Leit dëst gemengt hunn waren Gemengewahlen.
Trennung vu Kirch a Staat: Et ginn ëmmer méi Länner wou dat de Fall ass wéi zum Beispill a Frankräich oder Schweden answ. Mat dem neien Poopst, dee villes wëll reforméieren, kann dat och vläicht esouguer geschwënn de Fall sinn am Vatikan.
De Berlusconi huet kee Mandat méi: De Cavaliere huet sech all di lescht Joeren opgefouert wéi wann Italien säi Land wier. Hien huet awer elo nëmme nach e grousse Football Club wou hien den absolute Boss ass. Hien kënnt sech awer nach fier wéi wann Italien säint wier mam AC Mäi-Land.
Internationalen Accord: Nom Accord am Kontext vum iraneschen Atomprogramm ass Israel guer net frou a fënnt den Accord lächerlech. Fir de Geck ze maachen soen si dohannen et wier super. An Israel gëtt also vun engem ironeschen Atomprogramm geschwat.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens.