
Bravo Handball Esch: Och am Kenya sinn elo d‘Wahlen fir d‘Sportler vum Joer. Do gi virun allem d‘Sportler geéiert déi am Summer op der Weltmeeschterschaft an der Liichtathletik geglänzt hunn. Et sinn dat d‘Medaillegewënner: Kiplagat, Kiprop an och de Kipruto. Et ass ee gespaant ween, wéi bei eis den Handball Esch, „de Kip“ vum Joer gëtt.
Forumle 1 a Réckeproblemer: Bei Lotus huet di lescht Grand-Prixen de Kimi Räikkönen gefeelt wéinst „mal au dos“ wéi et geheescht huet an elo gëtt e neien engagéiert de grad „Mal dos-nado“ heescht.
Aktualitéit am Frankräich: De selwechten Dag wou bekannt gouf datt de President Hollande sech 2011 mat der Prostat operéiere gelooss huet gouf och dat neit Prostitutiounsgesetz am franséiche Parlament gestëmmt. Et gouf deen Dag an alle Medien nëmmen iwwer Prostat-utioun geschwat.
Kee „Mini-stère“ mä e „Maxi-stère“: Den Educatiounsministère ass elo e Maxi Ministère mat Educatioun, Kanner a Jugend, Héichschoul a Recherche an dat ënnert dem Claude Meisch. Virdrun wat d’Ministesch eigentlech just zoustänneg fir d’Educatioun. Am Verglach zum
Maxi-stère vun elo war d’Mady Delvaux just e Mini-Stehres Responsabel.
Chamber Posten: Den Eugène Berger, den 1. Lëtzebuerger den um Mount Everest war, d’Nummer 1 vun de Bierger, ass elo am Parlament de Fraktiounschef vun der DP. Säi frieme Wonsch ass et bestëmmt Parlamentspresident ze ginn mä et ass awer net hien deen den 1. vun alle Bierger ass.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens.