
Mandela Day: Bei de Feierlechkeeten war de Grand-Duc zu Johannesburg. Ech hat gemengt et wier keen vun der neier Koalitioun present bis ech gewuer gouf datt awer de President vu Gambia op der Plaz war.
Fräiheet vun de Politiker: D’Englänner soen datt d’Politiker dacks „faken“ wann si Saache virtäuschen. Si soen zum Beispill si géifen an d’Oppositioun goen mä herno gëtt awer vläicht en anert Mandat ugeholl zum Beispill en europäescht. Dat soll een awer net stéieren. D’Politiker sollen dierfe faken wou, mat wiem a wéini si wëllen.
3. Alter Prozess: Wann ee sech den Bommeleeër Prozess op der Plaz ukuckt da kënnt een sech e bësse fir wéi am Altersheim. Di hapt Differenz ass datt am Altersheim d’Pensionären wéi e Waasserfall schwätzen a sech un alles erënneren wat si deemools viru ronn 30 Joer gemaach hunn.
Cumul vun de Mandater: De President vun der Handball Federatioun huet sech zeréck gezunn well hie net wëll di Tâche mat där vum Staatssekretär zesumme maachen. Hie wëll net datt een vun him seet hie wier de Cumul Gira.
Nach méi extrem: A Russland gëtt et jo schonn e ganzt restriktiivt Gesetz géint di Homosexuell. Et ginn Extremisten di wëllen nach méi wäit goen géint di sexuell Fräiheet a si wëllen zu Sotchi de Bi-athlon boykottéieren.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens.