Sotchi kënnt méi no: Fir de Boycott vis-à-vis vu Sotchi a sengen Schi-kompetitiounen esou kleng wéi méiglech ze halen ass et bal normal datt de Russesche President de bekanntste politesche Prisonnéier fräigelooss huet an zwar ganz passend de Michail Chodorkow-Ski.

Niveaulos Homophobie: De Yahya Jammeh, President vu Gambia, ass dee President den di meeschten homophob Aussoen vu sech ginn huet. Scho nëmmen dowéinst kann ee sech iwwer d’Resultat vun eiser Gambia Koalitioun freeën.

Sacrifice fir Europa: D’Eucharistie ass jo an der Bibel de Sacrifice vum J.C.  Eisen ex Premier, den J.C. Juncker géif also och fir d’Presidentschaft vun der Europäescher Kommissioun muench Sacrificer op sech huelen. Eisen J.C. géif also eng EU-charistie maachen.

Keng Alkoholsproblemer fir den Andy; dat sot hien an engem Interview. D’Bierger am Tour de France an den Alpen an an de Pyrénäen hun dee selwechte Prozentsaz wéi den Alkoholstaux an de Wäiner aus deene Regiounen an zwar e Maximum vun ronn 15%. Et gesäit een d‘Schlecken gären di Bierger eropfueren an net dee Wäin erof schlecken. 

Klitschko de Link tëscht der Ukraine an der EU: De Boxweltmeeschter an Oppositiounschef huet eng riicht Ligne a senger Positioun zu Europa a bréngt et op de Punkt. Mer kéinten a sengem Fall den Euclide zitéieren den d'Geometrie erfonnt huet. „D’après EU-clidetschko: la ligne droite est la distance la plus courte entre 2 poings.“

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens.