Kris vum Päerdsfleesch an de Lasagne: An enger  Findus Lasagne gouf während der Kris e klengen metallene Logo vu Citroën fonnt. Bei Findus ware se frou datt et dës Kéier wéinstens näischt mat Päerdsfleesch ze dinn hat. Et war allerdéngs de Logo vun enger 2 CV.

Kalifornien war geschockt: Do wou d’Cowboy Filmer gedréint goufen a se ganz frou mat Päerd sinn war d’Affär vum Päerdsfleesch an de gefruerene Lasagne e rise Skandal dëst besonnesch an der bekannster kalifornescher Stad „Lasagnes Geles“.

D‘Fliedermaus;  Symbol fir d’Tollwut a vun engem Comicsheld:  En Awunner aus dem Süden vum Land gouf  Mëtt vum Joer a senger Schlofkummer vun enger tollwutkranker Fliedermaus ugegraff. Kee Wonner datt dat Déier bis an d’Schlofkummer koum well et ass jo de Symbol vum Bett-man.

Royal Baby: Am Juli war hien endlech gebuer de klenge Prënz. De William huet do nees Verhütungsmëttelen geholl fir datt Groussbritanien mat Nordirland zesummen net direkt nach e Prënz soll kréien. Hien hëlt di Kinneklech Kondomer an zwar d‘“United Kondom“.

Wahlpanneauen: Kuerz virun de Wahlen waren dës grouss Panneauen op de strategeschen Plazen vun all eise Stied an Dierfer. Déi vun de Rietsparteien ware ganz dacks virun de Kierchen. Kee Wonner, di Parteien wollten datt d’Leit bei hierem Numm e Kräiz maachen. 

Football-EM bei den Dammen a Schweden: Heiansdo wousst ee net  op den Tëlesbiller ob et e Mann war oder eng Fra besonnesch bei engem Gros Plan; ausser beim Match England géint Frankräich. Do war et kloer well do stoung uewen lénks am Ecran vun der Tële:
ENG-FRA ...

Paradoxe am Cyclissem: Et war besonnesch bei den Ardenne Klassiker opgefall datt d’Coureuren op alle Stroossen, sief et op Autobunnen, duerch Einbahnen hunn dierfe fueren oder op Feldweeër answ. Si kruten erstaunlecherweis just verbueden op Vëlosweeër ze fueren.

Tour de France: 2012 war de Gewënner vum 99. TDF de Wiggins. Di 2 „g“ a sengem Numm gesinn aus wéi 99. Bei der 100. Editioun huet de Froome gewonnen wou di 2 „o“ ausgesinn wéi d’Nulle vun 100.

WM an d’Westafrikaner: D’Kenianer an d’Ethiopier ware ganz gutt op der Liichtathletik WM an deene méi langen Distanzen wéi d‘3000 Meter Steeples. Si waren awer schwaach am 110 Meter Hecken an am 400 Meter Hecken. Dat war bestëmmt de Fall well et quasi keng Hecken ginn am Kenia an an Ethiopien.

Allerhellgen Zäit: Et ginn ëmmer méi Leit zu Hamm ageäschert. An dem Kontext war et e bëssen onglécklech datt grad den Allerhellgen Week-end am Fussball de Match Hamm géint de Champion Fola Esch programméiert war. Et sinn der di hu vum Äscher Derby geschwat.

Play-Off Matcher fir d’WM 2014: Frankräich hat jo 0-2 an der Ukraine verluer. Am Frankräich hat bal kee méi fir de Retourmatch un d‘Equipe vum Nationaltrainer Deschamps gegleeft an trotzdem hu si sech qualifizéiert. Nom Aller-Match war en Titel an enger Zeitung: „Ukraine Terminus; tout le monde Deschamps“. 

Interim: Wat war dat en Tralala fir en Ersatz fir den Finnesche Pilot vu Lotus ze fannen well dëse Réckeproblemer hat. Vill Leit haten dat komesch fonnt dat hien sech grad am Schluss vun der Saison operéiere gelooss huet; de Kimi Réckkönen.

De nächste normalen Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens...