
D’Kierch ass guer net zefridden: Si fäert datt mat der neier Majoritéit alles wäert anescht ginn fir si an zwar vill méi schlecht. Alles wat mat Kierch ze dinn huet soll iergendwéi verschwannen. Et gëtt esouguer gefaart datt mat der Dräierkoalitioun de Kierch-bierg wäert ëmbenannt ginn.
Italienesch Spezialitéit: D’Italiener si spezialiséiert beim Mëschen vu verschiddenen Nuddelszorten. Nodeem de Skandal mam Päerdsfleesch bekannt gouf, gëtt di Mëschung net méi Tri de Pâtes mä Tiercé de Pâtes genannt.
Mariage Félix a Claire: De Prënz këmmert sech an Zukunft am Frankräich ëm de Wäibau. Wann de Guillaume eisen Ierfgroussherzog ass, da gëtt de Félix eise R-Ierfgroussherzog.
Cargolux: Déi lëtzebuergesch Entreprise ass skeptesch ob se e neien vertrauensvollen Investisseur fonnt huet. No de Qatari sinn se elo mësstrauesch mat de Chinesen. Cargolux huet jo en sécheren In-West-isseur gesicht. Di 2 sinn aus dem Osten. Dat kann jo net problemlos funktionéieren ...
Sozialwahlen am November: Di eenzeg Gewerkschaft déi d’Wuert „Verband“ am Numm hat ass den NHV (Neutralen Handwierker Verband). Et ass zimlech normal, datt si dat Wuert am Numm dran hunn, well et sinn d’Handwierker, déi di meescht Accidenter hunn an deemno am dackste Kontakt mat engem Verband hunn.
Aktualitéit am Frankräich: De selwechten Dag wou bekannt gouf datt de President Hollande sech 2011 mat der Prostat operéiere gelooss huet gouf och dat neit Prostitutiounsgesetz am franséische Parlament gestëmmt. Et gouf deen Dag an alle Medien nëmmen iwwer Prostat-utioun geschwat.
Héichwaasser: Besonnesch an 3 Länner goufen et an der Mëtt vum Joer immens Problemer mam Héichwaasser. Et war an Däitschland wou di haapt Responsabel Angela Meer-kel heescht, an der Tscheschei wou de President Milos See-mann heescht an an Éisträich wou de Numm vum Federal President Heinz Fischer ass.
Fussballstaren: Den Benzema an de Ribéry musse geschwënn viru Geriicht well si sollen Sex gehat hunn mat enger minderjährescher Prostituéiert. Et ass gewosst datt de Ribéry net ganz intelligent ass. Hie sot datt hien net wosst wat „minderjähresch“ heescht. Si hätten him misste soen dat di Prostituéiert U-18 wier.
F1 an Cyclissem: Den Spueneschen Starpilot vu Ferrari sollt di Basquesch Velosequipe Euskaltel opkafen wat schlussendlech näischt gouf. Euskaltel ass en Telefonie Operateur. Kléngt deemno logesch datt den Allô-nso Interessi hat.
TDF an der Corse: Den Andy Schleck hat no der 3. Etapp gesot hie wier frou datt si endlech fort wieren aus der Corse an am richtegen Frankräich wieren wat op der „île de beauté“ net gutt ukoum. Dat war awer bestëmmt net béis gemengt. Dem Andy gëtt nogesot dat hie gären feiert. Kee Wonner datt hien léiwer um Fest-Land ass.
Wantersport: D’Chinesen sinn ëmmer besser am Sport ausser am Wantersport a besonnesch am Bobfueren an an der Luge. Et ass een zwar iwwerrascht well si jo Schlittsaaen hunn.
Bravo Handball Esch: Och am Kenya waren elo kuerz d‘Wahlen fir d‘Sportler vum Joer. Do goufe virun allem d‘Sportler geéiert déi am Summer op der Weltmeeschterschaft an der Liichtathletik geglänzt haten. Et sinn dat d‘Medaillegewënner: Kiplagat, Kiprop an och de Kipruto. Et war ee gespaant ween, wéi bei eis den Handball Esch, „de Kip“ vum Joer géif ginn.
De nächste normalen Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens...