
Dem Serge Olmo seng éischt Wuertspillereie fir dat neit Joer.
D’Politik ass net ëmmer fair: De Jeroen Dijsselbloem, dee nom Jean-Claude Juncker President vum Eurogrupp ass, huet jo gesot datt de Lëtzebuerger Ex-Premier vill géif fëmmen an drénken a hie wier méi dacks schlecht. Esou schwätzt een net iwwer säin No-voll-ger. Kloer, datt de Jean-Claude Juncker es sat misst hunn.
SMSen: Hei am Land goufe 7,5 Milliounen SMSe fir d’Feierdeeg geschéckt. D’Amerikaner hu se ofgefaangen; d'NSA huet erausfonnt, datt et an den allermeeschte Fäll Gléckwënsch waren.
Schiaccident vum Angela Merkel: Vill Däitscher ënnerstëtzen d’Kanzlerin a baue si op, wëll si sech de Becke gebrach huet. Hire Liiblingsveräin, den FC Bayern, huet sech och gemellt an der Persoun vun sengem Éierepresident Franz Becken-bauer.
Bilan vum Joer: Et gouf elo de Bilan gezunn vun den Accidenter mat Foussgänger am Verkéier fir d’Joer 2013. Et ass erauskomm, datt iwwerhaapt keen Accident op de Säite vun den Autobunne mat Foussgänger war, well do am Fong keng Persounen zirkuléieren. Firwat ginn déi Säitebarrièrë Leit-planken genannt?
Bëbeeën op Silvester: A Frankräich gouf bei enger Etude erausfonnt, datt d'Bëbeeën, déi op Silvester an och um Nationalfeierdag op d’Welt kommen, an der grousser Majoritéit Jonge sinn. Ass dat de Fall wéinst dem Feu d’Arti-fils.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens...