
Grouss Opreegung: Lëtzebuerg a Frankräich haten di lescht Deeg hir Affär wou sech vill opgereegt gouf. Am Frankräich war et wéinst de Revelatiounen an der Hollande Affär vum Magazin Closer; bei eis wéinst der Affär Closener.
Nei Léift fir de President: Ganz vill Leit haten sech am Frankräich géint de "Mariage Gay" ausgeschwat. Wann et esou wäit ass schwätzen der sech och vill bei eisem Noper géint de "Mariage Gay-et" aus.
Australian Open: D’Spiller an d’Spillerinnen hunn ënnert der praller Sonn missten spillen; et war muenchmol bis zu 45°C waarm. Et goufen vill haart Schléi mat Vir- oder Réckhänn gespillt mä dee Schlag deen di Aktiv di éischt Woch am Meeschten gefart hunn war den Hëtz-schlag.
Wanterpaus: Firwat ass bei eis am Fussball d’Wanterpaus vill méi lang wéi soss an Europa. D’Wierder ass dach an der Rei. Dat bescht Beispill ass datt d’Futsal Veräiner dobaussen trainéieren.
Victoire géint de Rassismus: Den Soi-disant Komiker Dieudonné hat an senge Spektakelen rassistesch an antisemitesch Aussoen vu sech ginn wat hien elo geriichtlech verbuede krut. Eis Belsch Noperen fäerten datt da si elo a sengen nächste Spektakelen wäerten dru gleewen mussen...
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens...