Den Duo Bettel/Bausch mëscht vill fir déi Drogéiert: Am Stater Schäfferot haten di 2 sech agesat fir d’Fixerstuff an elo wëll den Transportminister Bausch 20 bis 30 fix Radaren.

Dat ass net ze verzeien: Verschidde Regierungsmemberen goufe nämlech bei eis menacéiert. Den Aussenminister Jean Asselborn ass séier op Montreux gaangen op d’Syrien Konferenz a hie geet vläicht a Syrien selwer. Do ass et fir eis Regierungsmemberen bestëmmt méi sëcher wéi de Moment bei eis.

Di dänesch Saxo Bank ass neie Sponsor bei Lotus: Wann een d’Kräiz am dänesche Fändel beim Gerard Lopez sengem Auto gesäit, dann denken vill Formule 1 Supporter un d’Kräizegung vu Jesus Christus. Responsabel heifir war jo de Pontius Pi-Lotus.

Macdonalds an Steiergelder: D’Fastfood Châine sot d’Suen goufen op Lëtzebuerg transferéiert well bei eis bal keng Drive-Ine sinn. Do gëtt et also net vill ze steieren…

Alles gouf zu Melbourne statistesch fest gehalen: Am Australian Open hunn di meescht Spiller d’Rackett an der rietser Hand gehalen. Déi Spiller knätchen och all op der rietser Säit. All dës Spiller a Spillerinnen si also Rietszänner.

AUDIO: Flunkernews 3/14 vum Serge Olmo

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens...