
Fräigesprach: Di 2 franséisch Football Nationalspiller Frank Ribéry a Karim Benzéma goufen an der Affär vun der mannerjährescher Prostituéiert fräigesprach. Et gëtt gesot datt de Riichter, den di 2 Fussballisten op der ganzer Linn fräigesprach huet, e Linnen-riichter wier.
Davis Cup: De Kapitän vum Team decidéiert ëmmer spéit ween hien nieft dem Gilles Muller opsetzt. Et hänkt vun de Géigner of, vun der Surface oder vum Wierder. Well et am Maroc vill gereent huet gouf den Ugo Nas-tasi opgesat.
Privatliewen am Mëttelpunkt: Et gi permanent op der ganzer Welt dem President Hollande seng Fotoen mat Motohelm gewisen wéi hien bei seng nei Frëndin soll gefuer sinn. Et héiert een och permanent vun der Press dee selwëschte Refrain. Am Fong ass jo och awer d’Nationalhymne vun Holland de Will-Helmus.
Fëmmverbuet, d’Horesca reklamméiert: D’Police fänkt och un streng ze sinn. E Schott gouf bal an engem Bistrot vun der Polizei protokolléiert well hien an en Dudelsaack geblosen hat. De Polizist hat gemengt hie géif fëmmen an den Damp an de Saack blosen.
Nees e Retard: D’Stärkt vun eisem Goldmedaille Gewënner Josy Barthel war säi Finish besonnesch bei senger Olympescher Final a Finnland. Beim Stade Josy Barthel fäert d’Fussball Federatioun datt et ni e „finish“ wäert kréien.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens...