
Haapt Partner: D’Disziplinnen vum Alpinneschi sinn d’Kinneksdisziplinnen zu Sochi a mam „Audi FIS Ski Weltcup“ si beim Alpinneschi Weltcup enorm vill Suen am Spill. Am Fong war et bei der Erëffnungszeremonie zu Sochi keng Panne datt de 5. Olympiarank net opgoung mä de Logo vun Audi gouf gewisen.
Wantermärchen: D’Russen gleewen mat Sochi 2014 un hiert Wantermäerchen. Et kinnt d’“Schneewitchen an di 7 Zwerge“ sinn oder wann een, un den alt ze groussen russeschen President denkt, kinnt et „Schneewitchen an di 7 Lilliputiner “ sinn.
Oppassen: Dës lescht Deeg waren verschidde Perverser virun e puer Grondschoulen a si wollten muench Kanner an hiren Auto lackelen. An de Schoulen gëtt quasi soss näischt gemaach wéi Zuelen ze léieren a Buschstawen ze liesen. Wisou huet keen deenen Perversen hir Autosplacken entziffert ?
Di léif Gerüchter: Elo kierzlech gouf an den Däitschen Zeitunge gesot eisen ex Premier géif Spëtzekandidat ginn vun der EVP an hien hätt keen Alkoholproblem. Firwat gëtt esou vill iwwer e soit-disant Alkoholproblemer geschwat; ass et well een de Nofolger vum Bar-roso sicht.
Et muss een zen bleiwen: An Ungern hunn eis Tennisdammen hir 3 éischt Partien héich verluer. Si bleiwen awer kalm wéi de Symbol vum Buddhismus den speckeg ass a Wäissheet ausstraalt. Dat passt bei all deenen Defetten am Fett-Cup an dat Buddha-pest.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens...