Industriezone um Monkeler: Op Valentinesdag ware no der Informatiounsversammlung zu Esch d’Zeitunge voll well ganz vill Leit sech géint d’Asphalt-fabrik wieren. Zu Esch hat ee gemengt et wier Asvelt-esdag.

Neie Site: De Centre Sportif National et Culturel ass an der Coque an de Fussballstadion soll elo bei d’Kock-elscheier kommen. Do gëtt jo eng Ähnlechkeete bei de Nimm. Di haapt Diffrenz ass datt et op den Fussballterrain ka reenen. Et kinnt ee jo dann den Terrain Kockel-Areena nennen oder well et naass gëtt och nach Kockel-Gymnaass.

Pesch zu Sochi: De Kari Peters konnt seng 2. Course, d’15 Kilometer klassesch, net matlafen wéinst enger Grippe. De Gewënner Dario Cologna huet manner wéi 39 Minutte gebraucht well no all de Kilometer stoung 38,5 op der Anzeig. De Peters hat um Thermometer leider vill méi wéi 38,5 stoen.

Trauresche Referendum: A verschiddene Länner gëtt d’Eu-thanasie  legaliséiert am Fall vun onheelbare Krankheeten. Nom Referendum an der Schwäiz a no der Victoire vum „Jo zur d’Limitatioun vun der Immigratioun“ gouf probéiert Europa dout ze maachen. Et ass eng regelrecht EU-thanasie.

Zëmmerskandal zu Sochi: Di éischt Deeg gouf vill de Géck gemaach iwwer verschidden Zëmmeren bei den olympesche Spiller. Bei muenchen waren d’Schief ganz déif geluecht oder d‘Spigelen waren op Nuebelhéicht. Et gouf vergiess der Press matzedeelen datt dat Zëmmer vu verschiddenen Paralympics Athleten waren. Dës Athleten verdénge Respekt an et soll keen während de Paralympics de Géck iwwert si maachen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens...