
Eng Noriicht aus dem Lokalen: Soss huet de Papp zu Lëtzebuerg dem Schoulpersonal gesot: "Ech kréie geschwënn en neit Kand." Mat de ville Scheedungen an neie Koppelen soen d’Kanner mëttlerweil: "Ech kréie geschwënn en neie Papp."
Internationales: An engem Prisong an den USA huet eng Fra Zwillinge krut. Et sinn ouni Zweiwel richteg Zwillingen, well si sinn aus der selwechter Zell.
Eng Noriicht aus dem Sozialen: D'Gewerkschaften erënneren drun, datt Fraen, di op der Aarbecht nieren, 90 Minutten pro Schicht heifir zegutt hunn. Muncher maachen dofir keng Kaffispaus méi, mä just nach eng Mëllechpaus.
Medezin: Et ginn ëmmer méi Frae getest, di en héijen IQ hunn. Op verschiddenen Universitéiten gëtt dann elo de Medizinstudenten eng nei Disziplin ugebueden an zwar ass et d’Genie-cologie.
Zum Ofschloss nach eng Noriicht aus dem Sport: Am Wantersport gi laut neiste Statistike vill kriminell Affären séier geléist. D’Police ass nämlech direkt op enger Pist.
Lauschtert d'Flunkernews vum Serge Olmo
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...