Member vun eiser Famille Grand-Ducale muss aussoen: Si wëll net méi an der Bommeleeër Affär dra sinn an datt an hirem Kontext iwwer Dyna-mite answ. geschwat gëtt. Si ass ëss midd an fënnt et net richteg wann an der explosiver Affär iwwer eng Lëtzebuerger Dyna-midd-astie géif geschwat ginn.

Bommeleeër; och den ex Premier muss aussoen: Di 2 éischt Attentater waren ënnert enger CSV/DP Regierung. Di 18 aner ënnert enger CSV/LSAP Regierung mat un der Spëtzt den Duo Santer/Poos. Ënnert där Regierung waren d‘Poos-eur de bombes ganz kloer am Aktivsten.

Luucht um Enn vum Tunnel: Et gesäit aus wéi wann et Gottseidank kinnt méiglech sinn aus der ganz tragescher Ukrainescher Kris eraus ze kommen. Mat all deenen Doudeschen déi di lescht Deeg begruewen goufen war d’Haaptstad vun der Ukraine leider zum Kiew-echt ginn.

Vill Schwäizer géint d’Auslänner: Mam Referendum an der Schwäiz huet ee gemierkt datt et vill Extremisten ginn déi och nëmmen wëllen Schwäizer Produiten consomméieren wéi zum Beispill Rivella, Tobleron a besonensch Emmenthaler: Verschiddener si richteg fanatesch Fond-Emmenthalisten.

Eleganz a Charme am Sport: Zu Sochi gouf et bei den Hären eng Disziplin wou d’Athleten zimlech homosexuel eriwwer koumen wat dem russeschen President guer net gefält. Hie wéilt och net datt vu Putinage Artistique geschwat géif ginn.

AUDIO: Flunkernews 7/14 vum Serge Olmo

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens...