Never ending Story: Dës Woch gouf den 1. Gebuertsdag vum Bommeleeër-Prozess gefeiert. Ee Mann gëtt vun Dag zu Dag méi populär an dat ass de Me Vogel. Et kann een deemno Happy Birds-day soen. 

Ioulia Timochenko: Di ukrainesch Ex-Premierministesch gëtt vu ville Leit ugehimmelt a quasi als helleg ugesinn. Hir blond laang Trëtz, déi ronderëm hire Kapp fixéiert ass, gesäit och aus wéi en Hellegeschäin.

Europawahlen: D’Mady Delvaux Stehres gëtt Spëtzekandidatin vun de Sozialisten an d’Ex-Ministesch wëll an den europäeschen Hemicycle. Hemi heescht jo Hallef. Nodeem d’Sozialistin bei eis als Educatiounsministerin an der Grondschoul d’Cyclen 4,3,2,1 agefouert huet, wëll si elo an den hallwe Cycle. 

Verkéiersproblematik: Den Tram ass definitiv virgesinn, fir vum Kierchbierg an d’Stad an et ass och elo eng Seelbunn geplangt. Zanter d’Dräierkoalitioun um Rudder ass an d’Trennung vu Kierch a Staat decidéiert ass, gëtt alles gemaach fir de Kierch-bierg an d’Stad ze verbannen. 

Football-Stadion: Op der Areler Strooss heescht den Terrain jo nom eenzege lëtzebuergeschen Olympiagold-Gewënner. Fir der UEFA z’imponéieren a sengem President Platini, dem säin Numm jo och wéi Edelmetall kléngt, huet scho bal missten d’Cloche d’Or eraus gesicht ginn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...