
De J.C. Juncker Spëtzekandidat fir d’EU Kommissioun: Den ex Premier gëtt hei vill kritiséiert well hien um Krautmaart bei senger Oppositiounsaarbecht net ganz motivéiert a konzentréiert schéngt. Fir seng Frënn ass et normal datt wann een um Maart ass un d’Kommissiounen denkt a virun allem un déi Kommissioun wou et ëmm d’EUROen geet.
Dës Woch Oscar a Budget am Mëttelpunkt: Et koum net gutt un datt beim Opstellen vum Budget d‘Consulting Firma Mc Kinsey beroden huet. D’Firma vum James Oscar Mc Kinsey huet duerch di deier Zesummenaarbecht vill manner begeeschtert an och d’DP wéi den Oscar fir de Mr Hu-Blo.
Luuchten op den Autobunnen: Den Transportminister wëll jo op verschiddene Plazen op den Autobunnen d’Luuchten an der Nuecht ausmaachen. Wat d’Leit awer méi stéiert ass datt iwwerall am Land d’Stroossen opgerappt ginn. D’Leit soen dem gréngen Minister datt si ëss genuch hunn mat den Bausch-stellen.
Weltfraendag um 8. Mäerz: D’Boxen undoen war viru Joeren eng grouss Victoire fir d’Fraenorganisatiounen. Vü datt d’Fraen elo och mëttlerweil grad esou vill Messagen iwwer Internet verschécken wéi d‘Männer, wier et wéinstens op dem Dag ubruecht net vun Mailboxen ze schwätzen mä vu Femailboxen.
Neie Stadion; e permanente Sujet: Elo ëm Fuesent huet dat gutt gepasst datt am Kontext neie Stadion ganz vill Duercherneen war. Phaseweis konnt dat Hin an Hier eis e bessen un eng Fues-Kapesëtzung erënneren. Dofir war et ubruecht elo an der Fueswoch géint de Kapvert ze spillen.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...