Uli Hoeneß Prozess : De President vum FC Bayern huet ganz vill Suen
ënnerschloen. Et ass schonn domatter ugaangen datt hien bei sengem
Virnumm säi Räichtum verstoppt huet well am Fong heescht hien Ul-rich.

100 Deeg nei Regierung: Fir dat ze feieren hätt kënnen di nei Regierung di 100 Deeg mat engem klengen Gebuertsdagskuch feieren matt 100 klengen Autobunnsluuchten drop déi een géif ausblosen.

Europawahlen:
Et ass kee Wonner datt d’Mady Delvaux Spëtzekandidatin ass vun de Sozialisten. Si erwaarde sech op de Stëmmziedelen an der Rei vun der ex Ministesch vill Stëmmen well et fir d’Wieler am Prinzip ganz normal ass en X am Schluss vun hirem Numm ze schreiwen.

Ukrainesch Kris: D’Relatiounen tëscht den USA a Russland sinn immens gespaant wéinst der Situatioun op der Hallefinsel no bei Russland. D’Relatiounen sinn esou äisesch wéi eng Glace datt vun Ice-Krim geschwat gëtt.

Geschwënn d‘Ardenneklassiker: Esou wéi  den Andy Schleck a Form ass am Paris Nice ass ee net optimistesch fir di schwéier a laang Course
Léck-Baaschtnesch- Léck. Seng Fans hoffen datt hien sech erkritt. De Moment wer et leider méi ubruecht Éisléck-Baaschtnesch-Éisléck ze fueren wat net esou wäit ass a net esou schwéier.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...