Dës Woch ass jo d’Fréijoer ugaangen: Et ass dat definitiv d‘Zäit vun der grousser Botz. Kee Wonner deemno datt am ganze Land de Moment ganz vill iwwer Deponien geschwat gëtt.

Nom Äerdrutsch: Wéinst den Bauschuttdeponien schénge Monnerech an Ëmgéigend a Gefor ze sinn fir weider Äerd-rëtsch. Et sinn der di soen datt dat bekannt war dofir heescht d’Gemeng och schliisslech Monne-rëtsch.

Falsch Illusioun: Op der Hallefinsel Krim hunn si Tendenz blann de Pro-russen ze gleewen. Et huet elo esouguer e politeschen Leader vun der Hallefinsel de Leit verklickert datt Russland elo annektéiert gouf an en Deel vun der Krim ass.  

Prominent Visite: Dës Woch war de President vum Europäeschen Parlament Invité an eiser Chamber. De Lëtzebuerger Accueil war ganz frëndlech an hien hat de Plenum ganz fir sech. Den Dag war eben an der Chamber de Kraut-Maartin Schulz Dag.

Optakt vun der F1 am Mäerz: De Symbol vum Gott vum Krich aus der Mythologie Mars ass e Feil mat engem Krees. Kee Wonner datt d’Silberpfeile den 1. Grand-Prix am Mäerz gewonnen hunn. Di bescht Autoen vun Mount sinn ouni Zweiwel d’Mäerz-edes.

AUDIO: Flunkernews 11/14 vum Serge Olmo

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...