
Reform an der Educatioun: Den Educatiounsminister wëll, datt d’Schoulmeeschter méi schaffen. Nodeems dat mat der Bauschutt-Deponie zu Monnerech geschitt ass, misst et och de Schoulmeeschter kloer sinn, datt et de Moment eben zu Lëtzebuerg ganz schwéier ass, Dechargen ze kréien.
Summerzäit um Wahlsonndeg am Frankräich: Genee wéi d’Auere réckelt och dat ganzt Land um Sonndeg e Krack no riets.
Nach e Wahlsonndeg: Och an der Tierkei sinn um Sonndeg Gemengewahlen. Anscheinend gëtt d’Partei vum President Adullah Gül ferm bevirdeelegt. D’Géigner vun där Partei fäerten, datt hir Stëmmen als on-Gül-tesch ugesi ginn.
G7 oder G8: Den nukleare Sommet vun Den Haag stoung am Schied vum G7 ouni Russland, wat vill nukleaart Material huet. Et war zwar kee G8, mä et goung haaptsächlech ëm dat nukle8 Land.
Superleeschtung vum Dirk Bockel: En normaalt Stéck Eise schwëmmt net um Waasser, kann net rullen an ass keng Matière, déi bei normaler Temperatur leeft. Firwat gëtt da beim Triathlon grad vun Iron-man geschwat?
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...