
État de la Nation: Fir di wichtegst Declaratioun vum Joer hat eise Premier net een vu sengen berühmtene Foularden un mä eng Krawatt. Et war jo net „d’Ried zur Fou-lard vun der Natioun“.
Spidolsecteur : No de Fusiounen vun Enn Mäerz an deem Secteur réckelen elo och am Norden d’„Clinique du Nord“ vu Wolz, d’„Clinique St-Louis“ vun Ettelbréck an den „Hôpital neuropsychiatrique“ och vun Ettelbréck méi no zesummen. Et gëtt de Moment nach net vu Fusioun geschwat. Wéinst der Clinique neuropsychiatrique géif souwisou éischter vu Fou-sioun geschwat ginn.
Paleontologie: Et goufe jo Fossilien als Reschter vun Dinosaurier no bei Miersch fonnt. Soss war di Uertschaft wéinst aneren Déieren bekannt an zwar wéinst de Miersch-schwéngescher. An Zukunft wäerte mer dann vu Miersch-saurier schwätzen.
Visite am Vatikan: Eng Woch nom Barack Obama ass di englesch Queen bei de Poopst op Visite komm. Eng Woch nom Obama sote béiss Zongen wier et elo un der Visit vun der OBoma.
Nei Regierung am Frankräich: Eng vun de bekanntste Nuancen vun der grénger Faarw ass de „Vert Royal“ mat, op der Faarwpalette, der Referenz HC-139. Och wa kee Gréngen an der Regierung ass, ass grad elo am Minsitère vun der Ecologie de „Vert Royal“ vum President senger ex-Frëndin tromp.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...