
Polemik zu Esch am Kontext Brillstrooss: En Deel vun der Brillstrooss, an zwar deen Deel wou vill Appartementer sinn, soll Rue Nelson Mandela genannt ginn. Et gëtt eng Séparatioun am Escher Gemengerot wéinst dem Deel vun der Strooss mat den Appart-ementer; e Genre Appart-heid deemno.
Paris Roubaix, de Cancellara nees Favorit: De richtege Spartacus nodeem de Cycliste genannt gëtt, kënnt aus der fréierer Regioun Thrakien op der Balkan Hallefinsel. Hie war deemools dee bekannsten Thraker. No senge guden Resultater ass och de Cancellara dës Saison wäit de bekanntsten Trek-er.
Polemik wéinst der Expo iwwer den 1. Weltkrich: D’Majoritéit wëll d’Expo méi kleng halen aus finanziellen Ursaachen. D’Oppositioun wëll se méi grouss opzéien. 2018 si jo nees Wahlen; vläicht kann dann di aktuell Oppositioun d’Decisiounen huelen. Dat wier nach just mat Zäiten fir d‘100 Joer vum Enn vum Krich ze feieren.
Marathon de Paris: Ganz vill Athleten aus Westafrika, leider och vill aarmer, hu matgemaach a haten och super Resultater. Si sinn och richteg verwinnt ginn mat Präisgelder a soss Cadeauen. Verschiddener vun hinnen waren och iwwerrascht wéi d’Leit hinnen, besonnesch bei de Ravitaillementen, hier Smartphonen virun d'Gesiicht gehalen hunn. Muench Athleten hu sech natierlech zerwéiert.
Äishockey WM vun der 3. Divisioun op der Kockelscheier: Bei Hong Kong a Nord Korea si verschidde Spiller déi Chung heeschen. Awer och bei deenen aneren Equipen waren vill Chung ze gesinn an zwar Schlitt- Schung.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...