Péckvillercher: Op der Manif géint d’Kierzungen vun de Studentebäihëllefen wert vill gepaff ginn. Verschiddener werten kuerz no Ouschteren Péckvillercher mathuelen fir ze päifen. Dat passt; si hu se jo op der EeMeisch-en kaf.

Ministère a Studenten wéi Kaz a Maus: Studentevereenegungen an de Ministère gi sech de Moment net eenz. D’Manif geet um Freideg bei den Edu-KAZ-iounsministère. Et geet jo virun allem ëm d’Studiebäihëllefen fir am Maus-land ze studéieren.

Diekrecher Béier indirekt Sponsor vun der WM: D’Mammenhaus Brauerei InBev, mam Adler als Logo, ass e grousse Sponsor bei der WM. InBev huet an Däitschland di meescht Béiermarken. Zoufällesch huet di  Däitsch Nationalequipe och en Adler als Logo an de Manager heescht Oliver Bierhoff.

Sozialarbéscht am Altersheem fir de Berlusconi: Den ex Italienesche Premier sot hie fillt sech esou wuel am Altersheem wéi bei sengem Fussballveräin AC Milan. Wann een den Alter vu verschiddenen alen Pensionären zesummerechent da gëtt et och Mille Ans.

Wahlen an Algerien: Vill Algerier fillen sech fir domm verkaf well den aktuellen an och zukünftege President Bouteflika sech ni gewisen huet während der Wahlcampagne. Seng Géigener soen hie wier esou al a krank dat hien net méi fäheg ass ze regéieren. D’Oppositioun seet d’Land wier mat him eng Algeri-atrie.

AUDIO: Flunkernews 15/14 vum Serge Olmo

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...