Streik vun de Schüler a Studenten: Et war impressionnant op der Place Clairefontaine di vill Jonk ronderëm d’Statue vun der Grande-Duchesse Charlotte ze gesinn. Bei dem engen oder aneren war dësen Tripp haaptsächlech e flotten Tour mat der Schoul. Bei guddem Wierder zu ganz vill nieft der flotter Skulptur ze sinn war deemno fir d’Schüler e flotten „school tour“.

Geschwënn d’Oktav: Di nei Majoritéit soll jo, laut de Kiercheninstanzen, net kierchefrëndlech sinn well jo villes geännert gëtt. Si fäerten och datt nieft dem Oktavpriedeger elo och en Mäertchenpriedeger wäert kommen.

„Les Schlecks et les chutes“: Wéi schon di lescht Saisonen hunn d’Schleckbridder nees décke Pech wéinst Chuten. Am Ganzen wäerten et der ronn 10 sinn. Fréier war den „Edy Schütz“ dee grousse Rival vum Johny Schleck an de Papp Schleck huet dowéinst manner Coursen gewonn. Haut  ass nees de grousse Problem vun de Schlecken „les 10 Chutes“.

Schlecht Statistiken punkto Accidenter an de Radar als Retter? Et muss einfach en Instrument sinn op dem d‘Polizisten, ob d’Gefier vu riets oder vu lénks kënnt, d‘Vitess drop kënne liesen. De Radar ass dat richtegt Instrument well „Radar“ gëtt esouwuel vun der enger wéi vun der anerer Säit d’selwecht gelies.

D’Kriminalitéit geet laut enger Etude an d’Lucht: Dat gouf hei am Land festgestallt. Virun allem ass de Vol de grousse Problem. Bei de Sportler concernéiert dat d’Tennispiller ganz besonnesch well een am Tennis vill vu Volée schwätzt. Eis Nummer 1. an der Volée ass awer nach laang keng Kri-Minella.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...