Brécken nom 1. Mee: Ganz vill Leit hu nom éischte Mee eng Bréck gemaach; déi eng hu sech Congé geholl mä ganz vill hu sech mat „bon de maladie“ krank gemellt. Ënnert den Dokteren nenne si dës gefuddelt Krankeschäiner fir d‘Brécken „pont de maladie“.

Traditioun vum 1. Mee ass international: A Groussbritannien kënnt d’Traditioun vun der Meeréischen vum Eva wat soll eng Meeréischen gekrasch hunn wéi hat an den Adam aus dem Gaart vun Eden hu misste goen. Bei eis ass et den Dag vun der Aarbecht a mer schwätzen éischter vun ADEM an net vun Eva.

Zanter 1839 ass Lëtzebuerg onofhängeg: Et ass ganz normal datt de Groussherzog während der Séance Académique eng flott Ried iwwert d’Onof-Heng-egkeet gehalen huet.

Et muss eppes geschéien: Eis Kläranlagen si nach laang net EU-konform. Besonnesch déi Gréng wëllen heirobber sensibiliséieren. Et ass eng Manif an Diskussioun déi wahrscheinlech wéi quasi all Manif op der Place Klärfontaine wäert ukommen.

Jean-Paul II an Jean XXIII helleg gesprach: Et ass elo erauskomm firwat d’Peepst eng Zuel hannert hirem Numm hunn an di Zuel méi kleng ass wéi 31. Wann d’Peepst helleg ginn da kommen si op de Kalenner. Si hu jo da schonn eng Zuel fir placéiert ze ginn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...