Staatsvisite a Polen: D'Ministeren Asselborn, Schneider a Gramegna ware mat. Besonnesch ass d'Roll vum Finanzminister Gramegna wichteg gewiescht bei där Visite. Et sinn der déi soen datt elo am polneschen Finanzministère 3 héich Beamten hier Mutatioun gefrot hunn.

Sympathesch Aktioun: Bei "Wer wird Millionär" ware jo 4 Propositiounen ënner déi de Patrick „Klein“ de falsche Choix gemaach huet. Mer si gewuer ginn datt „Trinckgeld“ eigentlech guer net sollt bei de 4 Proposen sinn mä et war „Klein-geld“ geplangt. Logesch war et datt 4 verschidden Thermen zur Auswiel stoungen; et goung jo ëm de Xa-Vier.

Keng Reunioun tëscht Minister a Studenten: D'Studenten wollten net mam Minister Meisch zesumme kommen. Et war net gutt iwwerluecht vum Minister fir di Reunioun op Freides ze programméieren well Freides gëtt, obwuel et bei en DP Minister sollt goen, dacks Blo gemaach.

Den 8. Mee gouf den Armistice gefeiert: De 7. an 8. Mee ware bei eis d'Halleffinalen vun der Coupe wou fir d'éischt Linienriichter agesat goufen fir ze kucken op de Ball am Filet ass. Fir un den ex franséichen President z’erënneren den am 2. Weltkrich eng wichteg Roll gespillt huet, gouf grad bei der Armistice „de Gaulle Linienriichter“ agesat.

D'Chineesen dës Wochscho nees Weltmeeschter am Dëschtennis: Am Tennis sinn d'Chineesen, d'Japaner, den Taiwan an aner Länner aus Asien ganz schwaach mä esoubal en Dësch am Spill ass a Racketten gewannen d'Spiller aus deene Länner alles. Kee Wonner datt ee vun deene Länner seet si wieren Asia-Dësch.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...