
De Prënz Jean virun der Presse: De Prënz huet sech an der Affär Bommeleeër explizéiert. Déi déi géint hien ausgesot hunn si net iwwerzeegt well hien de Prënz vu Nassau ass an de Prënz vun Bourbombe Parme.
Super drop: De Gilles Muller huet 3 Tournéier noeneen gewonnen besonnesch wéinst sengem Opschlag. Elo fir den Ufank vun der Saison um Wues kann ee sech besonnesch op säi festen Ser-Wiss freeën.
Politik a Show Buisness: Di reaktionär Russen si ganz däitlech géint di Europäesch Visioun vun den Ukrainer a géint d’Euro Visioun vum Conchita Wurst.
Oktav: Ganz vill Poaren deplacéieren sech an d’Kathedral. Fir d’Fransousen ass eng Poar (poire) eng Bir. Dat passt jo well d’Poaren an der Kathedral bir-den.
Festival vu Cannes: Als Ofschloss vum Festival gëtt et eng Projektioun vum Quentin Tarantino als Hommage un den Sergio Leone, Kinnék vum Western Spaghettis. No der Projektioun gëtt vläicht net méi vu Western Spaghettis geschwat mä vu Western Cannes-leone.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...