Verkéiersproblemer: Grad um Weekend, wou dat neit Europaparlament zu Stroossbuerg gewielt gëtt, gëtt wéinst Prostitutioun en Deel vun der Stroossbuerger Strooss owes fir den Autostrafic gespaart. Di schéin Damme sti jo bei de Luuchtepottoen, fir sech ze weisen. Wier et net ubruecht, an där Strooss d’Luuchtepottoen ofzeseeën; da kinnt och nach gespuert ginn.

Geschwënn d’WM: Volkswagen ass den Haaptsponsor vu verschiddene Selektioune wéi och der brasilianescher Selecao. An de Favelaen hunn d’Leit iwwerhaapt keng Suen. Dës Leit an net di räich Fussballspiller misste vun Volkswagen gesponsert ginn - an de VWelas.

De Josy Barthel ass duerchgefall: De Match géint Spuenien ka jo net um Josy Barthel gespillt ginn. Den Haaptproblem ass, datt d’Gradinen net iwwerdeckt sinn. D’UEFA ass streng, wann et ëm de Reen geet. Wahrscheinlech gëtt elo de Match zu Metz an der Lor-reen gespillt.

Di Franséisch Eisebunn ferm blaméiert: Et goufen Zich bestallt,  déi 2 cm, also esou grouss wéi e Stéck Kebabfleesch, ze breet sinn. D'Zich sinn also ze déck. Si hätte méi „Döner“ misste bestellen. Elo mussen Plattformen, wou d’Leit op d’Zich waarden, och d’Breet vun engem Stéck Quai-bab, méi schmuel gemaach ginn.

Song-Contest: Bei der Trans-portgesellschaft Cargolux gouf et Contestatiounen zu der Persoun vum Robert Song. Och bei der Eurovisioun goufen et Reklamatiounen zu der Trans-gender Perséinlechkeet vum Gewënner. Esouwuel bei Cargolux wéi bei der Eurovisioun gouf et also e Song-Contest.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...