D’Chrëschten grille gären: Vill Pilger hunn während der Oktav zesummen gegrillt a nach méi zu Wolz wéi un d’Fatima geduecht gouf. Et gëtt awer och elo no Péngschten zu Iechternach op der Sprangprëssessioun gegrillt. Den Ënnerscheet ass datt do e Schwenkgrill geholl gëtt.

D’A. Merkel ënnerstëtzt de J-C Juncker zu Regensburg: Regensburg a seng hapt touristesch Attraktioun d’Walhalla si bekannt well an dem Tempel 128 Büsten aus Marmer 
déi Europäesch Geschicht beliichten. Regensburg ass deemno dee gréissten „Büstenhalter“. Kee Wonner datt grad do d’Kanzlerin dem ex Premier säi „Soutien“ versprach huet.

De Poopst op Visite am Hellegen Land: Hie war zu Jerusalem um Uelchbierg. Wann ee weess datt Olio op Italienesch Uelech heescht dann ass et kee Wonner datt de Poopst Berg-olio op den Uelech-bierg wollt goen.

Rietsextreme Schock: Roland Garros ass den Dag vun den Europawahlen ugaangen also den Dag vum Triumph vum Front National. Et fällt op datt ëmmer méi extrem Wénkelen mat der Virhand probéiert ginn. Esouguer am Tennis gesäit een also elo e „Coup extrème droit“.

Petitiounen op chamber.lu: Et ginn ëmmer méi Petitiounen online gesat. Nieft der Carrière vum Expéditionnaire an där vum Redakter gëtt dru geduecht déi vum Ex-Petitionnaire an ze féieren.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...