Onerwaarten Nowéien vum Exploit an Italien: Wann een hei zu Lëtzebuerg iwwer Wochen 2000 Kilometer fiert dann ass de Prise brise nach zimlech propper. Wéi ech nom Match aus Italien zeréck koum, war, wéi ëmmer no enger Auslandsrees, de Pare brise voll vu futtisse Mécken. Den Auto ass zwar gutt gaang mä ech hat leider trotzdem e Méck-aneschen Problem.

De Lännermätsch Belsch-Lëtzebuerg gouf deklasséiert: De Feeler läit beim Belschen Trainer dee während dem Match 7 Mol ausgewiesselt hat a aplaz 6. Béid Trainer hate virum 5-1 festgehalen sech op maximal 6 ze eegenen déi era ginn; de Belschen Trainer hat gemengt si hätte vun engem Maximun vu 6 Goaler geschwat a net vu 6 Spiller déi era ginn.

G7 zu Bréissel: D’Leaderen vun den wichtegen Muechten hätte wëllen méi streng Sanktioune géint Russland decidéieren, mä…et goufen just Menacen an di Richtung; oder si hätte wëllen dem Poutine en Ultimatum imposéieren mä…anscheinend ass et nach ze fréi. Et waren also esou vill mä,mä,mä… an deene Réuniounen datt een ouni Problem vu Geess7 ka schwätzen.

D-Day: De 6. Juni sollt e Feierdag ginn am Frankräich fir un den Debarquement 1944 z’erënneren mä schlussendlech gouf d‘Armistice vum 8. Mee 1945 als Feierdag virgezunn. Wann den D-Day nämlech als Feierdag geholl gi wier, da wier dat enorm deier ginn; dëst well all déi déi um 6. Juni mussen schaffen géifen tonneweis Iwwerstonnen kréien well et ass jo „le jour le plus long“.

Farce: Et ass en Hohn datt den Bashar Al Assad ganz däitlech als President gewielt gouf a Syrien. Et hunn sech net vill Leit géint hien opgesat verständlecherweis als Angscht et géifen Presidentschaft  Kandida-tor-turen ginn. Wann di Farce esou viru geet da wert den Al Assad nach vläicht geschwënn fir de Friddensnobelpräis proposéiert ginn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...