
EU : De J.-C. Juncker brauch d’Ënnerstëtzung vun den Ecologisten (gréng), de Sozialisten (rout), an den Liberalen (giel) fir EU Kommissiounspresident ze ginn. Et sinn dat d’Faarwen vum kameruneeseschen Fändel. Hei gouf de J.-C. Juncker geschloen vun der Gambia Koalitioun (rout-blo-gréng). An Europa kann di gréng-rout-giel Kamerun-Koalitioun him hëllefen mä den David Cameroon huet eppes dogéint.
Liewensmëttelvergëftungen bei de Réiser Päerdsdeeg: Bei engem Tiercé sprangen d’Päerd ganz dacks iwwer Hecken oder wéi d’Fransousen soen „Haies“. An engem Jumping wéi zu Réiser sinn d’Obstakelen éischter Staangen a Barrièren. Och wann d’Päerd also dës Deeg zu Réiser keng Problemer mat „Haies“ haten, waren verschidde Leit am VIPraum ferm mat d’diarr-Haies geplot.
Gréisst Stad a Brasilien : 4 Matcher an der Qualifikatiounsronn ginn an der Stad gespillt wou d’Erëffnungszeremonie war. De leschten ass de 26. Juni an et ass dat de Match Südkorea géint Algerien. Di Algeresch Fans an d‘Equipe sinn e puer Deeg do. Et ass net evident fir do « sans porc » z’iessen zu « Sau » Paulo.
Peschvull : De Ribéry, dee jo wéinst enger Réckeverletzung net op der WM ass, schreift bekanntlech schlecht franséich. D’Leit schwätzen hien zannter dem Ufank vun der WM permanent op de Brasilianesche Star un dee schonn 2 Goaler geschoss huet. De Ribéry huet ëss genuch a schreift de Leit um Twitter : « gens neymar… ».
Televisiounsboom : Mat der WM ginn onheemlech vill nei Televisiounen mat platten Ecranen kaf. All di meescht verkaaften Marquen kommen aus Asien wéi Samsung, LG, Sony, Toshiba, Panasonic…D’Asiaten déi eng platt Nues hunn, sinn d’Spezialisten vun den Platten Nez-cranen.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...