
Dëse W-E ass nees Lloret de Mar ugesot: Hei zu Land ass et jo schonn eng laang Traditioun datt d’Primaner nom Examen op Lloret feieren ginn. Di Destinatioun ass net fir näischt eraus gesicht ginn mä well d’Schüler den Bacca-lloret-at passéiert hunn.
Den Arbitterspray gëtt op der WM vill diskutéiert: Well jo elo d’Arbitter eng Linn zéien wou d’Spiller sech beim Fräistous hannendru stellen, gëtt vu ville Leit um Internet gefuerdert d'Arbitter sollen dach Linieriichter genannt ginn. Virun allem gëtt sech an de Sozialnetzer opgereegt well d’Tele ni weist ween dann herno nees di gréng Farw iwwer di wäiss Linn sprayt.
Net méi um Troun: De selwechten Dag wou de spuenesche Weltmeeschter vu Chile op der WM eliminéiert gouf, huet de spuenesche Kinnek Juan Carlos ofgedankt. Deen Dag bleift bei de Spuenier am Kapp als den Dag vun der Monar-Chi-le.
Mariage tëscht gläichgeschlechtlechen Koppelen hei gestëmmt: A Spuenien ass zanter Joeren den Homomariage méiglech. Et ass dat Land an Europa wou am Meeschten esou Mariagen gefeiert goufen an zwar bis elo ronn 25 000. Virun allem zielen si di meescht Mariagen tëscht Fraen. Et sinn der di nennen d’Land Lesp-agna.
Ganz vill Allergiker am Cyclissem: Et gëtt vill driwwer geschwat datt de Chris Froome sech d’lescht an enger Course mat engem Inhalateur d’Bronchien fräi gemaach huet no engem Genre Asthmakris. Muench Stëppeler hunn hien och Asthma-Chris Froome genannt. Et ass allgemeng erstaunlech, an et fäert een datt Dopping am Spill ass, datt esou vill Leit am nächsten Tour de France Inhalateuren benotzen; anerer schwätzen carrément vun Inhala-Tour.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...