
Selecao: Vun den 11 Brasilianer déi de Match géint de Kamerun ugefangen haten waren 10 Legionären an der Equipe also Spiller déi net an hirem Land aktiv sinn. Et ass kee Wonner datt esou vill Legionären an der Equipe sinn wann d’Nummer 1 am Goal Julio Cesar heescht.
Patriotismus: Et fält op datt wann d’Spiller op der WM d’Nationalhymne sangen hier
Lëpsebewegungen decaléiert sinn am Verglach zum gesonge Lidd. Datt ass well Brasilien wäit ewech ass an d’Biller iwwer Sate-lidd ginn.
Den El Pistolero ass definitiv out: De Luis Suarez vun Uruguay gëtt no senger Bäisaktioun
géint de Chiellini elo éischter El Biss-tolero genannt. Wa keng rout oder giel Kart gezu gouf um Terrain; gouf direkt nom Match dem Italiener seng giel Impfkaart erausgezunn fir ze gesinn
ob de Giel-lini géint den Tetanos geimpft ass.
Fan Artikelen: E Freideg, also no de Matcher vun der 1. Ronn op der WM, huet een bal keng italienesch a portugisesch Fändelen méi op de Fâcaden hänke gesinn. D’Leit hu se bestëmmt era geholl well de Week-end Reen ugekënnegt gouf.
National Feierdag: Di groussherzoglech Koppel war jo zu Rouspert. Hei hunn d’Leit hinnen net „Viiiive“ entgéintgeruff mä éischter „Viiiiva“…
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...