
Grand Depart vum Tour de France zu Leeds: Vill Prominenz an och de Premier David Cameron sinn dobäi: Wann ech de Jean-Claude Juncker wier an all dat hätt misste iwwert mech iwwergoen loossen, wier ech dohi gaangen a géif den englesche Premier froen, wéi et mam Ge-Leeds ass.
Franséischen Ex-President bei der Justiz: Den Nicolas Sarkozy, iwwer deen ëmmer de Spott gemaach gëtt, well hien esou kleng ass, war Ufanks der Woch bei de „juge de nain struction“.
Kidnapping zu Mexy an engem Haus: Et gouf vill Falsches heiriwwer erzielt an duerchernee gehäit. Verschiddener hunn esouguer gesot, dat wier an engem nei gebaute Lotus-ement geschitt.
D’Finale geschwënn zu Rio am Maracana: D'weltberühmte Symbol fir di riseg Stad ass eng enorm Statu vun enger Persoun, déi d’Äerm auseneen hält, wéi wa si no engem Goal géif jubelen. D’Statu heescht och Cristo Reden-TOR.
D’Schwäizer si voll hannert hirer Nationalequipe: Dëst obwuel ganz vill Spiller vun auslänneschen Originne dra sinn an et jo viru Kuerzem en traurege Referendum gouf, wou festgehale gouf, datt manner Auslänner an d’Schwäiz sollen dierfe kommen. Leider ass dat kee Widdersproch, well hir „auslännesch“ Fussballstare wéi Shaqiri, Djourou, Behrami, Dzemali, Seferovic … spillen a wunnen net an der Schwäiz.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...